Den 17 November, Samschdes Owes, ass Dammenequipe géint den ALCL Grand Quevilly ugetrueden.

An dëser 3. Ronn vum ETTU-Cup zu Grand-Quevilly (no bei Rouen) haten Tessy, d’Vinita an d’Annick beim 0-3 wéineg Chance.

De Retour Match ass e Sonnden 25.11 um 15 Auer zu Rued.

Am Championnat „BDO TT League“ huet Rued 1 e Samschden 20ten Oktober géint Hueschtert-Foulscht 6:1 gewonn a géint den Houwald eng 6:0 Defaite astieche missen.

Foto Rued vs Hueschtert Houwald

De nächste Match vun der 1. Equipe vu Rued ass e Samschden, de 9ten November géint Iechternach zu Iechternach an der Sportshal.

E Samschdeg an e Sonndeg (20ten an 21ten Oktober) sinn Damme zu Rued an der Sportshal géint Veräiner aus Griicheland, Holland a Spuenien ugetrueden. Géint AO Foinikas an Dozy Den Helder konnten Dani Konsbrück, Tessy Gonderinger, d’Annick Stammet an d’Vinita Schlink eng Victoire feieren, géint Arteal Tenis de Mesa haten si beim 0:3 keng Chance.

Duerch hier zweete Plaz an dësem Grupp sti si fir d’éischte Kéier am 3. Tour vum ETTU-Cup.

Vill Jugendspiller vum DT Rued hunn an der Vakanz un Tournoien deelgeholl a gutt Resultater gemaach:

Foto Jugentournoien

Jugendturnéier um Houwald:

3. Plaz vum Valentin am Simpel

1. Plaz vum Valentin a Caroline an der Equippekompetitioun

 

Turnéier um Houwald:

1. Plaz vum Valentin am Simpel

 

Jugendturnéier vum DT Noumer an der Fiels:

2. Plaz vum Joseph an Esteban an der Equippekompetitioun

3. Plaz vum Felix an Alessandro an der Equippekompetitioun

3. Plaz vum Luca a Matteo an der Equippekompetitioun

Am Simple hunn d’Charlotte, d’Lena, de Joseph an de Luca ¼ Final areecht.

 

Turnéier zu Gréiwemaacher:

2. Plaz vum Charlotte am Simpel

D’ 1.Equipe vum DT Rued huet de 29ten September mat enger Defaite géint de Landesmeeschter Diddeleng ugefaangen. Géint Eiter-Waldbriedemes hu si mat 6:4 gewonnen a mat Berbuerg hu si e 5:5 gedeelt.

E Samschdeg 27ten Oktober spillt 1. Equipe um 15 Auer zu Rued géint Hueschter-Folscht an e Sonndeg um 10 Auer um Holleschbierg géint Houwald.

Gewënner Entréesbilljee ETTU Cup    

1 Präis: Nummer 057

2 Präis: Nummer 257

3 Präis: Nummer 008

4 Präis: Nummer 128

5 Präis: Nummer 286

Am September ass et erëm esou wäit. D'Saison 2018-2019 fängt un.
 
Wei gewinnt kann een den neien Trainingsplang ënnert "Eisen Club - Training" fannen.
Hei Datumen wéini déi verschiddenen Trainingen ufänken:
  • Grupp Jugend & 1. Equipe: 3 September
  • Grupp Kanner: 4 September
  • Grupp Jugend & Erwuessen: 4 September
  • Grupp Ufänger: 18 September

Den Comité vum DT Rued wënscht allen sengen Spiller eng erfollegräich nei Saison.