Sonndes de 25ten Februar spillen ons Dammen zu Rued an der grousser Sportshal em de Championstitel!Dammechampionnat

Bravoooooo, ons Meedercher Dani, Annick an Tessy hu fir déi 3.Kéier d'Coupe des Dames op Rued geholl.

Coupe des Dames Pics 2018 3 kleng

Eise Coachen, dem Carlo an dem Vini och e grousse Merci.

E ganz speziellen Merci och eisen treien Supporteren.

Samschdes den 9 Dezember hate mir eng flott Chrëschtfeier zu Rued.

X mas 2017 1 kleng

Mir soen den Organisateuren, eiser 1. Equipe Merci fir deen flotten Owend. All de Leit, Merci fir déi schéinen a gudde Buffet. De Kleeschen war och nach laanscht komm an do e grousse Merci un d‘Martine 😀

Den Dëschtennis Rued-Sir seet der Firma Bublitz merci fir hiren Sponsoring.

Bublitz kleng

De leschten Sonndeg, den 19.November hate mir onsen traditionellen landeswäiten Eenzelturnéier organiséiert.

12 Tournoi Norbert Frieden 70

Mir haten insgesamt 409 Inscriptiounen, wat bis elo an dëser Saison eng Rekordzuel ass.

Ons Spillerinnen a Spiller konnten déi folgend Präisser gewannen: 

A-Open 1. Plaaz Carlo Feltes
Open Handicap 3. Plaaz Nathalie Krecké
B2 3. Plaaz Robert François
C2 3. Plaaz Andrew Gush
C3 1. Plaaz Annick Hermann
D-Open 3. Plaaz Caroline Dahm
Minimes D 3. Plaaz Charel Nies
 
Felicitatiounen un ons Spillerinnen a Spiller fir hir fantastesch Leeschtungen.
En décken Merci och u jiddereen deen op onsem Turnéier eng Hand mat ugepaakt huet an un de Marc fir säin Arbitrage.

 

Haut den Samschden den 6 Januar 2018 hu sech eise Spiller, de Georges Freichel an Julie Denève d'Jowuert zu Hesper op der Gemeng ginn.

Hochzäit Julie Georges 7 kleng

Mir waren natierlech mat dobäi😊.

Mir gratuléieren

E Sonnden den 12 November hu mir e Brunch organiséiert fir dem Rhett Merci ze soen.

Brunch 40 Joer Présidentschaft Rhett Sinner 58

E Sonnden den 12 November hu mir e Brunch organiséiert fir dem Rhett Merci ze soen. De Rhett war 40 Joer laang President vum DT Rued-Sir, an elo eisen 1.Éierepresident. E puer Éieregäscht waren och komm fir dem Rhett ze gratuléieren: De Marcel Kahn, Grënnungsmember (Bei him an der Backstuff ass eise Veräin gegrennt gin😊). Marie-Paule Terens, déi 1.Damm am Veräin (Deemools stoung an de Statuten dass just Männer am Veräin opgeholl ginn). Carine Sauer, fréier Spillerin a Mamm  vum Vini, Guy Gaffinet, Carlo Stammet, etc. Den Adrien Reinert vum FLTT Verbandsgeriicht, wou de Rhett och nach haut täteg ass. Aner Invitéen hu sech entschëllegt well sie den Dag keng Zäit haten. Et war e flotten Dag a mir hoffen dass de Rhett sech nach oft bei eis weise léisst fir eis Equippen ze ënnerstëtzen.

Eisem neie President, dem Lamhène Patrick wenschen mir nëmmen dat Bescht an hoffen dass hien vill Freed bei senger neier Charge huet.

DT Rued-Sir