Samschdes den 9 Dezember hate mir eng flott Chrëschtfeier zu Rued.

X mas 2017 1 kleng

Mir soen den Organisateuren, eiser 1. Equipe Merci fir deen flotten Owend. All de Leit, Merci fir déi schéinen a gudde Buffet. De Kleeschen war och nach laanscht komm an do e grousse Merci un d‘Martine 😀

De leschten Sonndeg, den 19.November hate mir onsen traditionellen landeswäiten Eenzelturnéier organiséiert.

12 Tournoi Norbert Frieden 70

Mir haten insgesamt 409 Inscriptiounen, wat bis elo an dëser Saison eng Rekordzuel ass.

Ons Spillerinnen a Spiller konnten déi folgend Präisser gewannen: 

A-Open 1. Plaaz Carlo Feltes
Open Handicap 3. Plaaz Nathalie Krecké
B2 3. Plaaz Robert François
C2 3. Plaaz Andrew Gush
C3 1. Plaaz Annick Hermann
D-Open 3. Plaaz Caroline Dahm
Minimes D 3. Plaaz Charel Nies
 
Felicitatiounen un ons Spillerinnen a Spiller fir hir fantastesch Leeschtungen.
En décken Merci och u jiddereen deen op onsem Turnéier eng Hand mat ugepaakt huet an un de Marc fir säin Arbitrage.

 

De Freideg den Owend, den 20 Oktober 2017, sinn op der Sportleréierung vun der Gemeng Betzder verschidden Spiller/Equippen vum DT Rued geéiert ginn.

Sportleréierung 2017 41

Ënnert anerem sinn ons Dammen fir hir Titelen geéiert ginn, Seniorsequipe Rued 4 ass fir hiren Opstig geéiert ginn an Equippen Cadets Rued 1 & Rued 4 sinn fir hir Resultater op de Landesmeeschterschaften geéiert ginn. Individuell goufen Dani Konsbruck, den Tasos Krokos an de Yann Pesleux fir hir Resultater op de Landesmeeschterschaften geéiert. An aneren Sportarten goufen Danièle Jankowoy, Hélène Pesleux an Fanny Pesleux geéiert.

E Sonnden den 12 November hu mir e Brunch organiséiert fir dem Rhett Merci ze soen.

Brunch 40 Joer Présidentschaft Rhett Sinner 58

E Sonnden den 12 November hu mir e Brunch organiséiert fir dem Rhett Merci ze soen. De Rhett war 40 Joer laang President vum DT Rued-Sir, an elo eisen 1.Éierepresident. E puer Éieregäscht waren och komm fir dem Rhett ze gratuléieren: De Marcel Kahn, Grënnungsmember (Bei him an der Backstuff ass eise Veräin gegrennt gin😊). Marie-Paule Terens, déi 1.Damm am Veräin (Deemools stoung an de Statuten dass just Männer am Veräin opgeholl ginn). Carine Sauer, fréier Spillerin a Mamm  vum Vini, Guy Gaffinet, Carlo Stammet, etc. Den Adrien Reinert vum FLTT Verbandsgeriicht, wou de Rhett och nach haut täteg ass. Aner Invitéen hu sech entschëllegt well sie den Dag keng Zäit haten. Et war e flotten Dag a mir hoffen dass de Rhett sech nach oft bei eis weise léisst fir eis Equippen ze ënnerstëtzen.

Eisem neie President, dem Lamhène Patrick wenschen mir nëmmen dat Bescht an hoffen dass hien vill Freed bei senger neier Charge huet.

DT Rued-Sir

 

 

E Sonndeg, den 15.Oktober hat onst traditionnellt Mullefest am Centre Syrkus zu Rued stattfond.

Moulefest 2017 2

Zirka 280 Leit haten sech bäi ons afond fir entweder Mullen oder Bouchée à la Reine iessen ze kommen. Ons Clubmemberen an hir Frënn haten sech vill agesaat fir dat den Service, souwuel an der Kichen wéi och op den Dëscher an um Comptoir, an der Tombola, etc. esou wéi all Joer nees gudd geklappt hat. Och bäim Op- an Ofriichten a bäim Virbereeden vum Iessen haten ons Memberen a Frënn nees eng solid Hand mat ugepaakt. E groussen Merci un jiddereen !

 

Hei e puer Éiregäscht déi mir op dem Rhett säin Abschied als Präsident vum Rued- Sir agelueden hunn.Éiregäscht kleng

De Marcel Kahn, Grëndungsmember vum DT Rued, Carine Sauer, ancienne Spillerin vu Rued a Mamm vun eisem Vini Schlink an Marie-Paule Terens, déi 1. Spillerin vum DT Rued.

Sonndeg, den 15 Oktober ass dem DT Rued säin traditionellt Moulefest erëm.

Moulefest front

Kommt & verbréngt e puer flott Stonnen mat eis. Genéisst och eisen Desserten & profitéiert vun der Geleeënheet an eiser Tombola Eppes ze gewannen.