Gewënner Entréesbilljee ETTU Cup    

1 Präis: Nummer 095

2 Präis: Nummer 172

3 Präis: Nummer 194

4 Präis: Nummer 099

5 Präis: Nummer 037

Kontakt: Mme SCHILTZ-REINERT Arlette            E mail This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.               Phone 77 06 13

 

Eis Dammenequipe huet de Sprong fir an nächst Ronn vum ETTU Cup net gepackt.

ETTU Cup 2017

Trotz enger Victoire géint Rapid Luzern (3-0) aus der Schwäiz & Equipe B-72 (3-1) aus Norwegen hunn se am Schlussklassement déi 3 Plaz beluecht. Géigner aus der Ukrain (Team Grace) & Holland (Dozy Den Helder/Noodkop) haten um Weiderkommen an dëser Kompetitioun eng aner Meenung ewéi eis Equipe & Supporteren an der Hal. Ee grousse Merci un al Leit déi gehollef hunn fir dësen Event ze organiséieren an dass alles perfekt ofgelaf ass. Ee grousse Merci och un Arbitteren déi dofir gesuecht hunn dass Mätscher no den internationalen Reegelen ofgehalen gi sinn. Ënnerstëtzt w.e.g. ons Arbitteren. Sie hunn net ëmmer ee einfachen Stand mäi ouni hiren Asatz géifen et och keng esou Mätscher ginn. Wann dir interesséiert sidd, mellt iech bei ärem Veräin oder bei der Fédératioun.

Den Samchdeg, den 8 Juli, huet den DT Rued säin Clubchampionnat organiseiert.Clubchampionnat 2017 8 kleng

Et hunn 20 Jugendspiller an 3 Catégorie matgespillt. Am Familljendubbel ware 16 Koppelen um Start. Insgesamt 33 Lizenzéiert an Net-Lizenzéiert.


Gewënner:

D2:
1. Elvin Cocco
2. Lena Georg
3. Dana Arendt

D1:
1. Valentin Lehr
2. Mino Santini
3. Fanny Pesleux

B/C:
1. Tasos Krokos
2. Téo Verchère
3. Ben Reuter

Dubbel:
1. Ben a Chris Reuter
2. Nathalie a Christophe Krecké
3. Annick an Änder Hermann & Charel a Mike Nies

Ee grousse Merci un Vini & de Carlo fir déi excellent Organisatioun & un Spiller an Elteren déi sou begeeschtert matgemaach hunn.

 

Kommt alleguer eis Meedercher den 30 September & den 1 Oktober an Sportshal vun Rued am ETTU Cup ënnerstëtzen.

ETTU Cup 2

Den DT RUED spillt geint Equipe vun DOZY DEN HELDER/NOORDKOP (Holland), TTC RAPID LUZERN (Schwäiz), B-72 (Norwegen) & TEAM “GRACE” (Ukrain).

De Spillprogramm:

Spillprogramm

doublé kleng

 Samschdes den 01.07.2017 hu mir den Doublé vun eiser Dammenéquipe gefeiert. Um 18 Auer huet ët mat enger Receptioun ugefaangen, wou verschidden Sponsoren an och eis Spiller präsent waren. No der Ried vun eisem neie President, dem Patrick Lamhène, huet eisen Éierepresident, de Rhett Sinner e Panneau vum Dani, Annick a Vini enthüllt, den elo eng Éiereplaz an eisem Sall huet. Well d’Vini decidéiert huet mam Dëschtennis spillen opzehalen, huet de Carlo him am Numm vun der 1.Equipe an och vun der Dammenéquipe Merci fir säin Asatz gesot a sie hun him e Kaddo iwwerreecht. Dono sie mir zu ongeféier 50 Leit mam Bus an de Check Inn gefuer, wou fir Iessen, Drénken a virun allem Party fir Jonk a manner Jonk gesuergt war. Eist Renée Bruder krut e Kaddo iwwerreecht fir 40 Joer Präsenz beim DT Rued a speziell fir säin onermiddlechen, alljäerlechen Asatz beim Mullekachen. Dem Comité, a virum allem dem René Goldschmit e grousse Merci fir den legendäääääääääääären Owend (wéi de René seet).

Kuckt ärch Foto vum 1ten Spilldag vun der Saison 2017 - 2018 an eiser Gallery un.1ten Spilldag 2017 2018 10verklengert

Den 21.Mee hat ons alljährlech Generalversammlung am Café Engel zu Menster stattfond.

Generalversammlung am Cafe Engel baim Menni zu Mensterkleng

A sénger Ried konnt onsen Präsident Rhett Sinner nees op eng erfollegräich Saison zréckblécken, dobäi stiechen virun allem den Doublé-Gewënn vun onser 1.Dammenéquipe, den dramateschen Maintien vun onser 1.Équipe an der Nationale 2 an den Opstieg vun onser 4.Équipe eraus. Et goufen ausserdiem vill gudd Plazéieren op den individuellen Landesmeeschterschaften, op den Régionalmeeschterschaften an och op den Eenzelturnéieren erzielt.
Verschidden Comitésmemberen haten hir Rapporten gemaach a verschidden Spillerinnen a Spiller goufen fir hir exzellent individuell Leeschtungen belouhnt. Déi uwiesend Jugendspiller kruten Kinostickéen an de Marcel krut e Cadeau als Merci fir séng Aktualiséierungen vun der Homepage.
D’Scheffin Fernande Klares-Goergen déi als Vertriederin vun der Gemeng op der Generalversammlung präsent war sot am Numm vun der Gemeng dem Veräin an all séngen Memberen merci fir hiren onermiddlechen Asaaz a fir hir exzellent Jugendarbecht.
Zum Schluss gouf den Ausbléck op déi nei Saison gemaach.
Mir kruten och dëst Joer nees e gudden Menü (Rôti Prince Orloff resp. Spaghettien) am Café Engel zervéiert :-)