Den Samschdeg, den 20.Mee hat den DT Rued en Atelierban der Nuit du Sport.

Vill Spaass op der Nuit du Sport 2017

Dat war eng landeswäit Initiative vum Service National de la Jeunesse am Kader vun der Kampagne „Gesond iessen, méi beweegen“ vum Ministère de la Santé, vum Ministère de l’Éducation nationale et de la Formation professionnelle, vum Ministère de la Famille et de l’Intégration a vum Ministère des Sports. Dobäi hat den DT Rued am Dëschtennissall vum Centre Sportif dem Public den Dëschtennissport méi no bruecht. Den Spaassfaktor war och nët ze kuerz komm. Verschidden vun onsen Memberen haten och ausserhalb vun onsem Dëschtennissall eng Hand mat ugepaakt, wéi z.b. an den Entréesguicheten oder an der Buvette.
E groussen Merci un d’Organisatoren an och un all déijeeneg Leit déi op dësem gelongenen Event eng Hand mat ugepaackt haten !
E Merci och un d’Maria Bintz-Rosato fir dës schéin Foto !

De leschten Sonndeg haten sech vill jonk Spillerinnen a Spiller an der Ruedter Sportshal agetraff fir an den Landesmeeschterschaften vun den Alterskatégorien U21, Junioren a Cadets matzespillen.

1494232887IMG 1811kleng

Vum DT Rued krut de Yann Pesleux eng fantastesch 3.Plaz an der Katégorie U21.
Félicitatiounen un de Yann, fuer weider esou !
En décken Merci u jiddereen dien op dësem Turnéier an irgend enger Art a Weis eng Hand mat ugepaakt hat !
E Merci och un d’Arlette Schiltz-Reinert fir dës schéin Foto :-)

Un engem ganz spannenden leschten Spilldag vun der Saison 2016-2017 konnt ons 1.Équipe duerch e knappen 6:4-Erfolleg

1491198093IMG 0147kleng

géint den DT Lëntgen 1 den Ofstieg aus der Nationale 2 dach nach évitéieren. D’Dani, d’Vinita, d’Annick an den David haten ganz gudd gekämpft a sie goufen och lautstaark vun den Ruedter Supporteren ugefeiert. Doduerch faalen den DT Lëntgen 1, den DT Lénger 1 an den DT Hueschtert-Folscht 2 aus der Nationale 2 eraus.
Trotz enger knapper 4:6-Défaite bäim DT Nidderkäerjeng 5 huet och ons 6.Équipe hiren Maintien an der 4.Divisioun erreecht. Schon virun e puer Wochen hat och Rued 5 den Maintien an der 4.Divisioun erreecht.
Félicitatiounen un d‘Spillerinnen a Spiller vun den betreffenden Équipen, fuert weider esou ! :-)
E Merci och un déi Leit déi ons 1.Équipe de leschten Samschdeg esou engagéiert ënnerstëtzt haten !

Op den Barragemätcher vun den Cadets vum leschten Samschdeg konnt Rued 1 mam Valentin Lehr, Fanny Pesleux an Charel Nies eng éierevoll 3.Plaz an der 4.Divisioun erreechen.

1493818614IMG 1383kleng

D’Équipe Rued 2 mam Lena Georg, Charlotte Benck an Jules Sauer gouf Vice-Champion an der 5.Divisioun.
Um Jugend-Syrdallcup zu Contern vum leschte Sonndeg krut d’Équipe Rued 2 mam Felix Georg, Joseph Liu an Léo Steinbach eng fantastesch 1.Plaz an Rued 1 mam Lena Georg, Elvin Cocco an Matteo Steinbach krut eng éierevoll 3.Plaz. Dir gesidd dës zwou Équipen hei op dësen Fotoen wou den Matteo leider fehlt.
Félicitatiounen un ons Spillerinnen a Spiller, fuert weider esou !
E Merci un d’Sandra Georg-Dionysius fir dës schéin Fotoen !

Ons 4.Équipe gouf souveränen Champion an der 4.Divisioun, Distrikt 6 mat engem perfekten Bilan vun 18 Victoiren an 18 Mätcher.

Rued 4 steigt opJPGkleng

Matgespillt haten de Gilles Freichel, de Yann Pesleux, d’Christine Konsbruck, den Tasos Krokos, den Téo Verchere, de Marcel Schwartz, de Steve Hermann, de Marc Scheckel, de René Goldschmit, d’Renée Bruder an de Patrick Lamhène. De leschten Samschdeg z’Owend gouf den Opstieg nom leschten Spilldag anstänneg gefeiert. Op dëser Foto fehlen leider den Téo Verchere an de Steve Hermann.
Félicitatiounen un all ons Spillerinnen a Spiller a vill Gléck fir déi nächst Saison an der 3.Divisioun ! :-)
E Merci un d’Maria Bintz-Rosato fir dës schéin Foto :-)

Insgesamt 49 Sportlerinnen a Sportler haten bei der 9. Editioun vum Training Camp vum DT Rued vum 10.-13. Abrëll deelgeholl.

1492462003Stage 2017 Carlo Felteskleng

Wéi all Joer hat dësen Training Camp en enorme Succès an déi 5 qualifizéiert Traineren haten e positive Bilan gezunn. Och 15 Spillerinnen a Spiller vum DT Rued waren dëst Joer mat derbäi. Als Erënnerung un dës flott an intensiv 4 Trainingsdeeg krut jiddereen en Handduch iwwerreecht.
Enger Widderhuelung vun dësem beléiften Event am nächsten Joer steet domat näischt am Wee :-)
E Merci un de Carlo Feltes fir dës schéin Foto !

Am Kader vum Girls and Ladies Day de 4.Mäerz zu Freiseng gouf ons Dammenéquipe fir déi 2.Kéier Landesmeeschter.

Landesmeeschter Dames 2017 kleng

No villen gudden Leeschtungen haten d’Dani, d’Annick an d‘Vini 5-1 géint d’Union Lëtzebuerg, 4-2 géint den DT Diddeleng an 4-2 géint den DT Nidderkäerjeng gewonnen. Sie goufen lautstaark ugefeiert vun iwer 30 begeeschterten Memberen a Frënn vum DT Rued.
Nom Gewënn vun der Coupe de Luxembourg den 22.Januar hun ons Meedercher domat den Doublé gewonnen.
Félicitatiounen un ons Meedercher, fuert weider esou !
Och e groussen Merci un all déi Leit déi sie während de Mätcher lautstaark ënnerstëtzt haten ! :-)