Den DT Rued hat de leschten Sonndeg den Ausscheedungsturnéier fir den Critérium National vun den Préminimes organiséiert.

Den Ausscheedungsturneier vum Criterium National vun den Preminimes zu Rued 06.02

Et haten am ganzen ca. 120 Spillerinnen a Spiller deelgeholl, dorënner waren der 6 vum DT Rued. Onsen Veräin hat dësen Turnéier an Zesummenarbecht mat der FLTT beschtens organiséiert. E.a. hat d’Viviane am Turnéierbüro matgeschaft an der Marc war als FLTT-Arbitter am Asaaz. Mir haten och beschtens fir Iessen an Drénken gesuergt.
E groussen Merci un all ons Memberen, Traineren, Elteren a Frënn déi op irgend eng Art a Weis dozou bäigedroen haten dat dësen Turnéier e Succès gouf ! :-)