Nodeems eist traditionellt Mullefest dëst Joer ausgefall ass, organiséierten mir den Sonndeg den 27. Juni 2021 fir déi éischte Kéier en Take away.

Take away 20

Den Take away war ee grousse Succès & de Comité vum DT Rued seet alle Leit, déi vun der Geleeënheet profitéiert hunn, ee grousse Merci. Ee spezielle Merci geht och un Leit déi gehollef hunn eng Hand mat unzepaken. Méi Fotoen fann der an der Gallery.

 

Gutt Leeschtung vum Caroline op der Landesmeeschterschaft.

Landesmeeschterschaft

Gratulatioun fir dës super 3 Plaz.

Freideg den 11 Oktober 2019 huet am Centre Culturel zu Menster Sportleréierung vun der Gemeng Betzder stattfonnt.

Sportlereierung 2019 4

Als Eenzelsportlerinnen a -sportler goufen d'Tessy Gonderinger, d'Dani Konsbruck, d'Nathalie Krecké, d'Caroline Dahm, den Téo Verchère, den Tasos Krokos an de Steve Hermann fir hir Performancen geéiert. Ausserdeem gouf d'Danièle Jankowoy fir seng Performancen an den Special Olympics geéiert.Als Equippen goufen ons 1.Dammenequipe fir hiren 3ten Doublé hannereneen, souwéi d'Seniorsequippen Rued 2, Rued 5, Rued 7 an Rued 8 fir hir respektiv Opstiger geéiert.

LM 2020
Tessy gouf Vize-Landesmeeschterin am Eenzel Dames A/B an Landesmeeschterin am Double Dames A/B zesummen mam Sarah de Nutte an Vize-Landesmeeschterin zesummen mat séngem Brudder Eric am Double Mixte.
 
Am Double Messieurs C kruten de Yann an de Gilles eng 3.Plaz.
 
Am Double Dames C krut d'Laura zesummen mam Noémie Steffen vum DT Diddeléng och eng 3.Plaz.
D''Kanner an déi Jugendlech vum DT Rued huet den 25 Mee 2019 mat hieren Traineren een Ausfluch an den Eastbelgium Action, Fun & Karting Center op Grüfflingen an d'Belsch gemaach.
GruppefotoAusflugGrüfflingen25Mai2019
U folgenden Aktivitéiten konnten si deen Dag deelhuelen :
 
- 3D Minigolf
- Bowling
- Lasergame
- Rodeo
 

No der éischter Aktivitéit, dem 3D Minigolf hu d'Kanner an déi Jugendlech an d'Traineren (+ verschidde Memberen vu der Jugendkommissioun vum DT Rued-Sir, déi fier d'Organisatioun vum Ausfluch zoustänneg war) zesummen zu Mëtteg giess.

Um 14ten Turnéier „Norbert Frieden“, deen den 17 November zu Rued an der grousser Sportshal ausgedroen ginn ass, hunn déi Rueder Spiller vill Titelen gewonnen:

Catégorie Cadets D: 2. Plaz - GEORG Lena

Catégorie D2: 3. Plaz - SCHROEDER Julien

Catégorie C1: 3. Plaz - PESLEUX Yann

Catégorie C1: 3. Plaz - SCHWARTZ Marcel

Catégorie B3: 3. Plaz - KONSBRUCK Christine

Catégorie B2: 3. Plaz - KROKOS Anastasios

Mat 357 Aschreiwungen war dat bis elo landeswäit dei héichsten Zuel vun dëser Saison.

Den Comité vum DT Rued seet den Spiller, Betreier, Spektateuren, den Bedeelegten dei bei der Organisatiouns & um Tournoi selwer gehollef hunn & dem Juge Arbitre Marc Scheckel villmols Merci fir dass desen Tournoi erem ee groussen Erfolleg war.

Den 19.Mee huet dem DT Rued seng alljährlech Generalversammlung am Café Engel zu Menster stattfond.

Generalversammlung 2019 44

A senger Ried konnt onsen President Patrick Lamhène nees op eng erfollegräich Saison zréckblécken. Dobäi stiechen virun allem den Doublé-Gewënn vun onser 1.Dammenéquipe, 4 Plaatz vun eiser 1 Equippe an der BDO League, Erreechen vun der 3ter Ronn Women ETTU Cup & den Opstig vun onser 2. Equipe an Promotioun eraus. Et goufen ausserdeem vill gutt Placéierungen op den individuellen Landesmeeschterschaften, op den Regionalmeeschterschaften an och op den Eenzelturnéieren erzielt.
Verschidden Comitésmembere/Kommissiounsmemberen haten hir Rapporten gemaach a verschidden Spillerinnen a Spiller goufen fir hir exzellent individuell Leeschtungen belount.
De Buergermeeschter Jean-François Wirtz huet dem Veräin an all sengen Memberen Merci fir hiren onermiddlechen Asaz gesot, dem Veräin fir déi exzellent Resultater gratuléiert an déi gutt Jugendaarbecht gelueft.
Zum Schluss gouf den Ausbléck op déi nei Saison gemaach.
No der Generalversammlung kruten de mer dëst Joer och e gudden Menü am Café Engel zerwéiert.