Léif Sportsfrënn,
Dëse Sonnden ass de 14ten, an domat leschte Mätsch vum éischten Deel vun der BDO League. Dono spillen déi 4 bescht Placéiert fir de Landesmeeschterschaftstitel, an déi 4 aner géint den Ofstig aus der BDO League.
Mir spillen onse leschte Mätsch vum éischten Deel géint d'Equipe vun Nidderkäerjeng, an dat dëse Sonnden, also ausnamsweis net Samschdes, em 16:00 ze Nidderkäerjeng.
Am Fall vun enger Victoire oder engem Gläichspill wäre mir op 4ter Platz, onse Maintien an der Nationaldivisioun wär erreecht, an als Bonbon géife mir um Play-off deelhuelen fir de Championstitel.
Et geet als definitiv em ganz vill, an äert Ufeiere wär eng zolidd Stëtz fir onsen Erfolleg. Dofir schonns Merci fir är Presenz.
A natierlech net ze vergiessen, ons aner Equippe Senior freeën sech och iwwert är Ënnerstëtzung an onser Sportshal dëse Samschdeg ab 19:30.
Mat sportleche Gréiss,
Äre President Patrick a séi Comité