E Freiden den 13.07.2018 ass eis 1.Dammenequipe an eis 1.Herrenéquipe zu Bierg op der Gemeng empfaangen ginn.

Si si geéiert ginn well eis Dammenequipe den Doublé gemaach huet an eis Härenequipe an BDO League opgestigen ass.

Den Präsident vun der Federatioun war och invitéiert an huet op Wonsch vun eisem Buergermeeschter dem Wirtz Jäng e puer Bäll mat eise Meedercher gespillt.

Foto 1 kleng

Foto 4 kleng

Foto 5 kleng

Dono huet de Buergermeeschter an de Schäffe Marc Ries sech och getraut e puer Bäll ze spillen.

Foto 2 kleng

Als Iwwerraschung huet eise Buergermeeschter de Meedercher eng selwer gebastelt Coupe iwwerreecht.

Foto 3 kleng

Foto 6 kleng

Den DT Rued seet villmools Merci fir den schéinen Empfang.

 

Den Freideg den 29 Juni, huet den Jugendkommissioun vum DT Rued säin Clubchampionnat organiseiert.

Clubchampionnat 2018 50 kleng

Ee grousse Merci un Jugendkommissioun vum DT Rued, dem Vini & dem Carlo fir déi excellent Organisatioun & un Spiller an Elteren déi sou begeeschtert matgemaach hunn. Dëst Joer huet Jugendkommissioun, fir éischten Kéier, eng Grillade nom Clubchampionnat organiséiert & beim schéinsten Wieder konnten Leit gemittlech deen schéinen Dag auskléngen loossen.

Barragematcher

De Charel, de Valentin an Charlotte hun Bronzemedaille am Cadetschampionnat an der 4 Divisioun gewonnen.

Barragematcher vun de Cadets 2018 kleng

 

Den 13.Mee hat ons alljährlech Generalversammlung am Café Engel zu Menster stattfond.

Generalversammlung 2018 69

A senger Ried konnt onsen President Patrick Lamhène nees op eng erfollegräich Saison zréckblécken. Dobäi stiechen virun allem den Doublé-Gewënn vun onser 1.Dammenéquipe, den Opstig onser 1. Equipe an Nationale 1 & den Opstig vun onser 3. Equipe eraus. Et goufen ausserdeem vill gutt Placéierungen op den individuellen Landesmeeschterschaften, op den Regionalmeeschterschaften an och op den Eenzelturnéieren erzielt.
Verschidden Comitésmemberen haten hir Rapporten gemaach a verschidden Spillerinnen a Spiller goufen fir hir exzellent individuell Leeschtungen belount.
De Buergermeeschter Jean-François Wirtz huet dem Veräin an all sengen Memberen Merci fir hiren onermiddlechen Asaz gesot, dem Veräin fir  déi exzellent Resultater gratuléiert an déi gutt Jugendaarbecht gelueft.
Zum Schluss gouf den Ausbléck op déi nei Saison gemaach.
No der Generalversammlung kruten de mer dëst Joer och e gudden Menü am Café Engel zerwéiert.

 

10. Editioun vum Training Camp vum DT Rued

Tr.Camp.DTRued 2018 kleng

Insgesamt 47 Spillerinnen a Spiller hu vum 3. - 6. Abrëll 2018 um 10. Training Camp deelgeholl, dovunner 11 vum DT Rued. Di 5 Trainere ware ganz zefridde mam Stage a konnten de Spiller/innen nom leschten Training e klenge Cadeau als Erënnerung iwwerreechen.

Eis 3.Herrenéquipe ass champion vun der 3.Divisioun gin. Mir gratuléieren dem Pier, Rob, Yann, Teo, Tasos a Marc👍🏻👏

Barragemätcher 3. Divisioun 1

Barragemätcher 3. Divisioun 2

Och eis 1. Equipe war präsent fir eis Spiller aus der 3 Equipe ze ënnerstëtzen.

Barragemätcher 3. Divisioun 3 kleng

Nach e puer Impressiounen:

Barragemätcher 3. Divisioun 6

Barragemätcher 3. Divisioun 4 kleng

Barragemätcher 3. Divisioun 5 kleng

 

 

 

 

Nom leschte Joer, huet eis Dammenequipe mam Dani, Annick, Vini & dem Tessy et och dëst Joer erëm fäerdeg bruecht  Coupe an den Dammechampionnat ze wannen.

LG day 25.02.2018 162

Dem Carlo an dem Yves och e grousse Merci fir hiren Coaching.

Bravo Meedercher !!!