Ons traditionnellt Fuesfest hat dëst Joer den 18.Februar am Centre Culturel zu Menster stattfond.

Kannerfuesbal 2018 43 kleng

Dëscher waren genau wéi dat lescht Joer nees voll besat. Grouss a Kléng koumen gutt op hir Käschten, mir haten wéi all Joer nees Animatioun virgesinn mat onsen zwee Animatricen Annick a Dani, mir haten en Dréihrad an eng flott Tombola. Ausserdeem hate mir eng stëmmungsvoll Musek an och fir Iessen an Drénken war beschtens gesuergt.
E groussen Merci un ons Memberen, Frënn an och un d‘Elteren vun den Jugendspiller déi alleguer eng Hand mat ugepaakt haten.