Vum 15.-17. Abrëll hunn 23 Spillerinnen a Spiller ënnert der Leedung vun 3 qualifizéierten Traineren um Training Camp 2019 vum DT Rued deelgeholl.

Camp 2019

Samschdeg, den 16 Mäerz, spillt 1 Equipe vum DT Rued Halleffinall vun der BDO League zu Rued-Sir an der Sportshal.

Halleffinall BDO League 2018 2019

1 Equipe vum DT Rued huet et fäerdeg bruecht an der éischter Saison an der BDO League em de Championstitel matzespillen!

Kommt alleguer eis Equipe ënnerstëtzen!

 

Léif Sportsfrënn,
 
Dëse Samschdeg hu mir an der BDO League doheem em 15:00 d'Equipe vun Iechternach um Programm. Iechternach ass aktuell op der 3ter Platz, an am Fall vun enger Victoire kéinte mir mat hinne gläich zéien, an definitiv ons Platz am Play-off sécheren, wärend e Gläichspill schonns de Garant wär fir eng gutt Ausgangspositioun am leschte Mätsch géint Nidderkäerjeng.
 
Et geet als erëm em net manner wéi an de Play-off ze kommen, wat heescht dass mir d'Championnat kéinten ofschléisse mat engem Placement ënnert deen 4 beschten Equipe vum Land a mir esou mat em den Landesmeeschterschaftstitel géife spillen.
 
D'Deplacement ass et also wäert, an äert Ufeieren zielt erëm vill.
 
A net ze vergiessen, ons aner Equippen Senior freeën sech och iwwert är Ënnerstëtzung an onser Sportshal dëse Samschdeg ab 19:30.
 
Mat sportleche Gréiss,
 

Äre President Patrick a séi Comité

Dammenequipe vun Rued si weiderhin net ze klappen. E Samschdeg konnte si sech am Kader vum Ladies & Girls Day de Championstitel sécheren.

a4fa5c9c3c899bcdfb450f854a3e4125

Tessy Gonderinger, Danielle Konsbruck, Annick Stammet an Vinita Schlink hu 6 vu 6 Partië gewonnen an domat stinn se ganz souverän op der éischter Plaz. Nodeems si och Coupe de Luxembourg Dames gewonnen hunn, féiert Dammenequipe vum DT Rued des Saison den Doublé erëm!

E Sonnden, de 25ten November ass um 15 Auer zu Rued de Retour Match an der 3. Ronn vum ETTU-Cup.

Den ALCL Grand-Quevilly aus Frankräich ass eng Top Equipe mat:

Sun Jiayi: WR 174, ER 77 an eréischt 18 Joer

Dvorak Galia: WR 74, ER 27

Yuan Tian

Kommt eis Meedercher e Sonnden all ënnerstëtzen.

Léif Sportsfrënn,

Dëse Sonnden ass de 14ten, an domat leschte Mätsch vum éischten Deel vun der BDO League. Dono spillen déi 4 bescht Placéiert fir de Landesmeeschterschaftstitel, an déi 4 aner géint den Ofstig aus der BDO League.

Mir spillen onse leschte Mätsch vum éischten Deel géint d'Equipe vun Nidderkäerjeng, an dat dëse Sonnden, also ausnamsweis net Samschdes, em 16:00 ze Nidderkäerjeng.

Am Fall vun enger Victoire oder engem Gläichspill wäre mir op 4ter Platz, onse Maintien an der Nationaldivisioun wär erreecht, an als Bonbon géife mir um Play-off deelhuelen fir de Championstitel.

Et geet als definitiv em ganz vill, an äert Ufeiere wär eng zolidd Stëtz fir onsen Erfolleg. Dofir schonns Merci fir är Presenz.

A natierlech net ze vergiessen, ons aner Equippe Senior freeën sech och iwwert är Ënnerstëtzung an onser Sportshal dëse Samschdeg ab 19:30.

Mat sportleche Gréiss,

Äre President Patrick a séi Comité

Um 13ten Turnéier „Norbert Frieden“, deen den 18 November zu Rued an der grousser Sportshal ausgedroen ginn ass, hunn déi Rueder Spiller vill Titelen gewonne:

Matteo Néré 3. Plaz

Alessandro Bellina 2. Plaz

Valentin Lehr 2. an eng 3. Plaz

Laura Brucheri 1. Plaz

Paul Benck 3. Plaz

Christine Konsbrück 3. Plaz

Yann Pesleux 3. Plaz

Pierre Bintz 3. Plaz

Téo Verchere 2. an eng 3. Plaz

Felicitatiounen un ons Spillerinnen a Spiller fir hir fantastesch Leeschtungen. En décken Merci och u jiddereen deen op onsem Turnéier eng Hand mat ugepaakt huet an un de Marc fir säin Arbitrage.