Den DT Rued hat de leschten Sonndeg den Ausscheedungsturnéier fir den Critérium National vun den Préminimes organiséiert.

Den Ausscheedungsturneier vum Criterium National vun den Preminimes zu Rued 06.02

Et haten am ganzen ca. 120 Spillerinnen a Spiller deelgeholl, dorënner waren der 6 vum DT Rued. Onsen Veräin hat dësen Turnéier an Zesummenarbecht mat der FLTT beschtens organiséiert. E.a. hat d’Viviane am Turnéierbüro matgeschaft an der Marc war als FLTT-Arbitter am Asaaz. Mir haten och beschtens fir Iessen an Drénken gesuergt.
E groussen Merci un all ons Memberen, Traineren, Elteren a Frënn déi op irgend eng Art a Weis dozou bäigedroen haten dat dësen Turnéier e Succès gouf ! :-)

De leschten Sonndeg, den 29.Januar haten déi Ruedter Spiller gudd ofgeraumt op den

Regionalmeeschterschaften 2017 kleng

Regionalmeeschterschaften vum Osten déi zu Lënster stattfond haten.An der Katégorie Doubles Dames goufen d’Dani Konsbruck an d’Christine Konsbruck Regionalmeeschterinnen an am Double Mixte gouf d’Dani Konsbruck zesummen mam Kevin Winkel vum DT Berbuerg Regionalmeeschterin. An der Katégorie C1/C2 gouf den Tasos Krokos Regionalmeeschter. An der Katégorie Juniors krut de Ben Reuter eng exzellent 3.Plaz, an der Katégorie Minimes krut den Teo Verchère eng fantastesch 3.Plaz an an der Katégorie D2/D3 kruten den Elvin Cocco an de Valentin Lehr och exzellent 3.Plazen.
Félicitatiounen un ons Spillerinnen a Spiller fir hir fantastesch Leeschtungen, fuert weider esou ! :-)

De leschten Sonndeg, den 20.November hate mir onsen traditionnellen landeswäiten Eenzelturn éier.

Vainqueurs Tournoi 2016

Mir haten insgesamt 392 Aschreiwungen, dat ass den aktuellen Saisonsrekord. Dovun waren 90 Inscriptiounen fir Spiller vum DT Rued. Ons Spillerinnen a Spiller konnten déi folgend Präisser gewannen :
C1 : 1.Anastasios Krokos, 2.Yann Pesleux, 3.Gilles Freichel
C2 : 1.Téo Verchere, 3.Nathalie Krecké
C3 : 1.Nathalie Krecké, 3.Patrick Prommenschenkel
D2 : 1.Valentin Lehr, 2.Charel Nies, 3.Matteo Steinbach
D3 : 1.Elvin Cocco
Félicitatiounen un ons Spillerinnen a Spiller fir hir fantastesch Leeschtungen, fuert weider esou ! :-) Och en décken Merci u jiddereen dien op onsem Turnéier eng Hand mat ugepaakt hat an un de Marc fir säin souveränen Arbitrage :-)

Den DT Rued hat den 8.Januar solid ofgeraumt um Eenzelturnéier vum DT Lënster :

Tournoi Lenster 2017 kleng

De Ben Reuter krut eng 3.Plaz an der Katégorie B-Open, de Rob François krut eng 3.Plaz an der Katégorie B2, de Gilles Freichel krut eng 3.Plaz an der Katégorie C-Open, den Tasos Krokos krut eng 3.Plaz an der Katégorie Jeunes C/D, den Henri Peltré krut eng 1.Plaz an der Katégorie D-Open an de Valentin Lehr krut eng 1.Plaz an der Katégorie D2.
Félicitatiounen un ons Spiller fir hir fantastesch Leeschtungen, fuert weider esou ! :-)

No sénger Victoire am Joer 2014 konnt d’Dani Konsbruck dëse Weekend de Critérium National Seniors Dames op en neits gewannen.

Criterium Dani 2016

No séngem perfekten Parcours an der Groupe B géint d’Sarah Meyer, d’Michelle Modert an d’Lena Grein, wou hat keen eenzegen Saaz verluer hat konnt d’Dani och an der Halleffinale 4-0 géint d’Martine Simon vum DT Wëntger gewannen. An der Finale hat d’Dani dunn nach eng Kéier géint d’Lena Grein spille missen an hat konnt do fir déi 5.Kéier hannereen mam Resultat vun 4-0 gewannen.
D’Dani hat dës Kompétitioun also gewonnen ouni och nëmmen een eenzegen Saaz ze verléieren.
Félicitatiounen un d’Dani fir säin génialen Turnéier, fuer weider esou ! :-)
E Merci un den Claude Sibenaler fir dës schéin Foto :-)

Gëschter Owend haten d’Wahlen fir d’Sportler vum Joer 2016 an der Coque um Kierchbierg statt fond.Wort Sportler vum Joer

Déi Lëtzebuerger Sportspress hat dobäi fir déi 3.Kéier hannereneen ons Dëschtennis-Dammennationaléquipe zur Sports-Équipe vum Joer gewielt. D’Dani Konsbruck vum DT Rued ass eng vun de Spillerinnen vun dëser Équipe déi och dëst Joer nees uechter dat ganzt Joer exzellent Resultater erzielt hat. D‘Dani hat zesummen mam Ni Xia Lin, mam Egle Sadikovic, mam Tessy Gonderinger, a mam Sarah de Nutte an der Équipe gespillt. Op dëser Foto gesidd dir en Ausschnëtt aus dem Lëtzebuerger Wort vum 2.Dezember 2016.
Félicitatiounen un ons Dammennationalspillerinnen an och un hir Traineren an och un déi responsabel Leit vun der FLTT déi dësen groussen Erfolleg op en neits erméiglecht haten ! :-)

Den 21.Oktober 2016 hat d’Gemeng Betzder hir Sportifs Méritants vun der Saison 2015-2016 am Centre Culturel Syrkus.

Sportlereierung 2016

zu Rued geéiert. Als Équipen goufen ons Dammen fir hir 2.Plaazen am Dammenchampionnat an an der Coupe des Dames geéiert. Ausserdiem gouf ons 2.Seniorséquipe fir hiren Opstieg a fir hiren Divisiounsmeeschtertitel geéiert. Des weideren krut den DT Rued och nach 8 Éierungen fir individuell Präisser op den Landesmeeschterschaften.
Félicitatiounen un all ons Spillerinnen a Spiller, fuert weider esou ! :-)

More Articles ...