E Sonnden den 12 November hu mir e Brunch organiséiert fir dem Rhett Merci ze soen.

Brunch 40 Joer Présidentschaft Rhett Sinner 58

E Sonnden den 12 November hu mir e Brunch organiséiert fir dem Rhett Merci ze soen. De Rhett war 40 Joer laang President vum DT Rued-Sir, an elo eisen 1.Éierepresident. E puer Éieregäscht waren och komm fir dem Rhett ze gratuléieren: De Marcel Kahn, Grënnungsmember (Bei him an der Backstuff ass eise Veräin gegrennt gin😊). Marie-Paule Terens, déi 1.Damm am Veräin (Deemools stoung an de Statuten dass just Männer am Veräin opgeholl ginn). Carine Sauer, fréier Spillerin a Mamm  vum Vini, Guy Gaffinet, Carlo Stammet, etc. Den Adrien Reinert vum FLTT Verbandsgeriicht, wou de Rhett och nach haut täteg ass. Aner Invitéen hu sech entschëllegt well sie den Dag keng Zäit haten. Et war e flotten Dag a mir hoffen dass de Rhett sech nach oft bei eis weise léisst fir eis Equippen ze ënnerstëtzen.

Eisem neie President, dem Lamhène Patrick wenschen mir nëmmen dat Bescht an hoffen dass hien vill Freed bei senger neier Charge huet.

DT Rued-Sir