Den 13.Mee hat ons alljährlech Generalversammlung am Café Engel zu Menster stattfond.

Generalversammlung 2018 69

A senger Ried konnt onsen President Patrick Lamhène nees op eng erfollegräich Saison zréckblécken. Dobäi stiechen virun allem den Doublé-Gewënn vun onser 1.Dammenéquipe, den Opstig onser 1. Equipe an Nationale 1 & den Opstig vun onser 3. Equipe eraus. Et goufen ausserdeem vill gutt Placéierungen op den individuellen Landesmeeschterschaften, op den Regionalmeeschterschaften an och op den Eenzelturnéieren erzielt.
Verschidden Comitésmemberen haten hir Rapporten gemaach a verschidden Spillerinnen a Spiller goufen fir hir exzellent individuell Leeschtungen belount.
De Buergermeeschter Jean-François Wirtz huet dem Veräin an all sengen Memberen Merci fir hiren onermiddlechen Asaz gesot, dem Veräin fir  déi exzellent Resultater gratuléiert an déi gutt Jugendaarbecht gelueft.
Zum Schluss gouf den Ausbléck op déi nei Saison gemaach.
No der Generalversammlung kruten de mer dëst Joer och e gudden Menü am Café Engel zerwéiert.