E Freiden den 13.07.2018 ass eis 1.Dammenequipe an eis 1.Herrenéquipe zu Bierg op der Gemeng empfaangen ginn.

Si si geéiert ginn well eis Dammenequipe den Doublé gemaach huet an eis Härenequipe an BDO League opgestigen ass.

Den Präsident vun der Federatioun war och invitéiert an huet op Wonsch vun eisem Buergermeeschter dem Wirtz Jäng e puer Bäll mat eise Meedercher gespillt.

Foto 1 kleng

Foto 4 kleng

Foto 5 kleng

Dono huet de Buergermeeschter an de Schäffe Marc Ries sech och getraut e puer Bäll ze spillen.

Foto 2 kleng

Als Iwwerraschung huet eise Buergermeeschter de Meedercher eng selwer gebastelt Coupe iwwerreecht.

Foto 3 kleng

Foto 6 kleng

Den DT Rued seet villmools Merci fir den schéinen Empfang.