E Samschdeg an e Sonndeg (20ten an 21ten Oktober) sinn Damme zu Rued an der Sportshal géint Veräiner aus Griicheland, Holland a Spuenien ugetrueden. Géint AO Foinikas an Dozy Den Helder konnten Dani Konsbrück, Tessy Gonderinger, d’Annick Stammet an d’Vinita Schlink eng Victoire feieren, géint Arteal Tenis de Mesa haten si beim 0:3 keng Chance.

Duerch hier zweete Plaz an dësem Grupp sti si fir d’éischte Kéier am 3. Tour vum ETTU-Cup.