De Freideg den Owend, den 20 Oktober 2017, sinn op der Sportleréierung vun der Gemeng Betzder verschidden Spiller/Equippen vum DT Rued geéiert ginn.

Sportleréierung 2017 41

Ënnert anerem sinn ons Dammen fir hir Titelen geéiert ginn, Seniorsequipe Rued 4 ass fir hiren Opstig geéiert ginn an Equippen Cadets Rued 1 & Rued 4 sinn fir hir Resultater op de Landesmeeschterschaften geéiert ginn. Individuell goufen Dani Konsbruck, den Tasos Krokos an de Yann Pesleux fir hir Resultater op de Landesmeeschterschaften geéiert. An aneren Sportarten goufen Danièle Jankowoy, Hélène Pesleux an Fanny Pesleux geéiert.