doublé kleng

 Samschdes den 01.07.2017 hu mir den Doublé vun eiser Dammenéquipe gefeiert. Um 18 Auer huet ët mat enger Receptioun ugefaangen, wou verschidden Sponsoren an och eis Spiller präsent waren. No der Ried vun eisem neie President, dem Patrick Lamhène, huet eisen Éierepresident, de Rhett Sinner e Panneau vum Dani, Annick a Vini enthüllt, den elo eng Éiereplaz an eisem Sall huet. Well d’Vini decidéiert huet mam Dëschtennis spillen opzehalen, huet de Carlo him am Numm vun der 1.Equipe an och vun der Dammenéquipe Merci fir säin Asatz gesot a sie hun him e Kaddo iwwerreecht. Dono sie mir zu ongeféier 50 Leit mam Bus an de Check Inn gefuer, wou fir Iessen, Drénken a virun allem Party fir Jonk a manner Jonk gesuergt war. Eist Renée Bruder krut e Kaddo iwwerreecht fir 40 Joer Präsenz beim DT Rued a speziell fir säin onermiddlechen, alljäerlechen Asatz beim Mullekachen. Dem Comité, a virum allem dem René Goldschmit e grousse Merci fir den legendäääääääääääären Owend (wéi de René seet).