No sénger Victoire am Joer 2014 konnt d’Dani Konsbruck dëse Weekend de Critérium National Seniors Dames op en neits gewannen.

Criterium Dani 2016

No séngem perfekten Parcours an der Groupe B géint d’Sarah Meyer, d’Michelle Modert an d’Lena Grein, wou hat keen eenzegen Saaz verluer hat konnt d’Dani och an der Halleffinale 4-0 géint d’Martine Simon vum DT Wëntger gewannen. An der Finale hat d’Dani dunn nach eng Kéier géint d’Lena Grein spille missen an hat konnt do fir déi 5.Kéier hannereen mam Resultat vun 4-0 gewannen.
D’Dani hat dës Kompétitioun also gewonnen ouni och nëmmen een eenzegen Saaz ze verléieren.
Félicitatiounen un d’Dani fir säin génialen Turnéier, fuer weider esou ! :-)
E Merci un den Claude Sibenaler fir dës schéin Foto :-)