De leschten Sonndeg, den 19.November hate mir onsen traditionellen landeswäiten Eenzelturnéier organiséiert.
Mir haten insgesamt 409 Inscriptiounen, wat bis elo an dëser Saison eng Rekordzuel ass.
Ons Spillerinnen a Spiller konnten déi folgend Präisser gewannen:
| A-Open | 1. Plaaz | Carlo Feltes |
| Open Handicap | 3. Plaaz | Nathalie Krecké |
| B2 | 3. Plaaz | Robert François |
| C2 | 3. Plaaz | Andrew Gush |
| C3 | 1. Plaaz | Annick Hermann |
| D-Open | 3. Plaaz | Caroline Dahm |
| Minimes D | 3. Plaaz | Charel Nies |
Felicitatiounen un ons Spillerinnen a Spiller fir hir fantastesch Leeschtungen.
En décken Merci och u jiddereen deen op onsem Turnéier eng Hand mat ugepaakt huet an un de Marc fir säin Arbitrage.