E Sonndeg, den 15.Oktober hat onst traditionnellt Mullefest am Centre Syrkus zu Rued stattfond.

Moulefest 2017 2

Zirka 280 Leit haten sech bäi ons afond fir entweder Mullen oder Bouchée à la Reine iessen ze kommen. Ons Clubmemberen an hir Frënn haten sech vill agesaat fir dat den Service, souwuel an der Kichen wéi och op den Dëscher an um Comptoir, an der Tombola, etc. esou wéi all Joer nees gudd geklappt hat. Och bäim Op- an Ofriichten a bäim Virbereeden vum Iessen haten ons Memberen a Frënn nees eng solid Hand mat ugepaakt. E groussen Merci un jiddereen !