Eis Dammenequipe huet de Sprong fir an nächst Ronn vum ETTU Cup net gepackt.

ETTU Cup 2017

Trotz enger Victoire géint Rapid Luzern (3-0) aus der Schwäiz & Equipe B-72 (3-1) aus Norwegen hunn se am Schlussklassement déi 3 Plaz beluecht. Géigner aus der Ukrain (Team Grace) & Holland (Dozy Den Helder/Noodkop) haten um Weiderkommen an dëser Kompetitioun eng aner Meenung ewéi eis Equipe & Supporteren an der Hal. Ee grousse Merci un al Leit déi gehollef hunn fir dësen Event ze organiséieren an dass alles perfekt ofgelaf ass. Ee grousse Merci och un Arbitteren déi dofir gesuecht hunn dass Mätscher no den internationalen Reegelen ofgehalen gi sinn. Ënnerstëtzt w.e.g. ons Arbitteren. Sie hunn net ëmmer ee einfachen Stand mäi ouni hiren Asatz géifen et och keng esou Mätscher ginn. Wann dir interesséiert sidd, mellt iech bei ärem Veräin oder bei der Fédératioun.