Den 21.Mee hat ons alljährlech Generalversammlung am Café Engel zu Menster stattfond.

Generalversammlung am Cafe Engel baim Menni zu Mensterkleng

A sénger Ried konnt onsen Präsident Rhett Sinner nees op eng erfollegräich Saison zréckblécken, dobäi stiechen virun allem den Doublé-Gewënn vun onser 1.Dammenéquipe, den dramateschen Maintien vun onser 1.Équipe an der Nationale 2 an den Opstieg vun onser 4.Équipe eraus. Et goufen ausserdiem vill gudd Plazéieren op den individuellen Landesmeeschterschaften, op den Régionalmeeschterschaften an och op den Eenzelturnéieren erzielt.
Verschidden Comitésmemberen haten hir Rapporten gemaach a verschidden Spillerinnen a Spiller goufen fir hir exzellent individuell Leeschtungen belouhnt. Déi uwiesend Jugendspiller kruten Kinostickéen an de Marcel krut e Cadeau als Merci fir séng Aktualiséierungen vun der Homepage.
D’Scheffin Fernande Klares-Goergen déi als Vertriederin vun der Gemeng op der Generalversammlung präsent war sot am Numm vun der Gemeng dem Veräin an all séngen Memberen merci fir hiren onermiddlechen Asaaz a fir hir exzellent Jugendarbecht.
Zum Schluss gouf den Ausbléck op déi nei Saison gemaach.
Mir kruten och dëst Joer nees e gudden Menü (Rôti Prince Orloff resp. Spaghettien) am Café Engel zervéiert :-)