Gëschter Owend haten d’Wahlen fir d’Sportler vum Joer 2016 an der Coque um Kierchbierg statt fond.Wort Sportler vum Joer

Déi Lëtzebuerger Sportspress hat dobäi fir déi 3.Kéier hannereneen ons Dëschtennis-Dammennationaléquipe zur Sports-Équipe vum Joer gewielt. D’Dani Konsbruck vum DT Rued ass eng vun de Spillerinnen vun dëser Équipe déi och dëst Joer nees uechter dat ganzt Joer exzellent Resultater erzielt hat. D‘Dani hat zesummen mam Ni Xia Lin, mam Egle Sadikovic, mam Tessy Gonderinger, a mam Sarah de Nutte an der Équipe gespillt. Op dëser Foto gesidd dir en Ausschnëtt aus dem Lëtzebuerger Wort vum 2.Dezember 2016.
Félicitatiounen un ons Dammennationalspillerinnen an och un hir Traineren an och un déi responsabel Leit vun der FLTT déi dësen groussen Erfolleg op en neits erméiglecht haten ! :-)