LAMHENE PATRICK GEMENG BETZDER

                                                                                                                                           

 

Virwuert vum President

Léif Internauten, Frënn a Membere vum Dëschtennis Rued-Sir,

Als President sinn ech houfreg kënnen ze soen dass den Dëschtennis Rued-Sir, deen 1947 gegrënnt gouf, an senger iwwer 70 järeger Geschicht en kontinuéierlechen Opschwonk kannt huet, fir haut esou staark do ze stoen wéi jee erwaart !

Mat senge formidabelen Tripléen vun 2017, 2018 an 2019 als Landesmeeschter par Equipes Dames a Gewënner vun der Coupe de Luxembourg Dames, ass ons Dammenequipe de Stolz vun onsem ganze Veräin.

An dass mir bei onsem éischten Opstig an d'National Divisioun, op dee mir jo dann iwwert 70 Joer waarden hunn missten, och nach ënnert déi véier Bescht vum Land kéimen, hätt och kee gewot ze gleewen.

Jo, ons zwou Spëtzenequippen hunn d'Saison 2018/2019 an deenen zwou Nationaldivisiounen, bei den Dammen a bei de Senioren, fir Wierbel gesuergt, a mir waren houfreg dass d'national Press, duerch hier reegelméisseg Berichter, ons duebel Leeschtung gewierdegt huet.

Ma niewent dësen zwee super sportlechen Erfollegen, stécht onse Veräin och nach ervir duerch ons Montée an d'Promotioun a vill aner eenzel an Equippen Erfolleger. An ervirzehiewe sinn absolut och nach ons iwwert 90 lizenzéiert Spiller, mat dovun iwwer 40 Jugendspiller, wat ons erlaabt huet em déi 30 Equippen a Championnat a Coupe kënnen unzemellen.

Dat alles mécht onse Veräin ze engem gewaltege Betrib, a ech wëllt vun dëser Plaz mengem Comité a senge Kommissiounen, an awer och all deenen anere Betraffenen, onse Spiller, Elteren, Traineren, Sponsoren a Supportere Merci soen. Merci fir déi vill Aarbecht um administrativen, sportlechen an organisatoresche Plang. Ouni iech wär dat alles net méiglech.

An iech, léif Lecteuren, wëllt ech, wéi all Joer, invitéieren op onst berühmte Moulefest vum Oktober, esou wéi op onsen Tournoi vum November an onse Kannerbal vum Februar, wou dir bei gudder Laun ons duerch är Presenz wäertvoll ënnerstëtze kënnt.

Iert ech schléissen nach e besonnesche Merci un ons Gemeng an un ons interne an externe Sponsoren, hier fiddel Ënnerstëtzung erlaabt ons op dësem héijen Niveau agéieren ze kënnen.

Ofschléissend wënschen ech ons all en erfollegräicht Championnat 2019/2020, gepräägt vu Fairness a Kollegialitéit.

Patrick Lamhène

President DT Rued-Sir